Äddi a merci vu Waarken

D'Louise Zenner-Jonk, d'Maisy Weiss-Scholtes an den Alex Bissen hunn hir wuel verdéngte Pensioun zesummen zu Waarken gefeiert. Sie hunn allen 3 vill Joeren an der Schoul vun der Education différenciée zu Waarken geschafft. Elo hu sie dem Beruffsliewen Äddi gesot an dat zerguttst mat de Kolleginnen a Kollegen gefeiert. Bei engem genëssege Maufel si verschidden Anekdoten ausgetosch ginn. D'Schüler hunn sech et och net huele gelooss hirem Louise, Maisy an Här Bissen e Kado als Erënnerung ze schenken. Mat engem selwer getexte Lidd a perséinleche Kadoen hunn d'Kolleginnen a Kollegen hinnen Äddi a villmools merci gesot.