Cheque-Iwerreeschung vun de Kürbisfrënn Biereng

Bei herrlechem Wieder haten dausende Leit am September 2015 de Wee op Biereng fonnt, fir déi 13. Editioun vum Kürbisweekend matzeerliewen.
Bei esou engem risegen Erfolleg ass et fir d’Kürbisfrënn och dës Kéier nees normal fir ee gudden Deel u Kiwanis weiderzeginn. Zënter e puer Joren hëllefen d’Kürbisfrënn doduerch fir déi karitativ Zwecker vu Kiwanis ze ënnerstëtzen.
Kiwanis gëtt déi 3000€ integral un d’Mierscher Kannerduerf weider.
D’Kürbisfrënn invitéieren Iech elo schonns all häerzlech op hire 14. Kürbisweekend de 17. & 18. September 2016, natierlech erëm zu Biereng.