3000€ vun de KÜRBISFRËNN BIERENG

D’Kürbisfrënn vu Biereng/Miersch hunn dëst Joer e Chèque vun 3000€ un de Kiwanisclub Uelzechtdall iwwerreecht an dat beim Merci-Iessen fir all déi Leit, déi ënnert der enger oder anerer Manéier gehollef hunn beim Kürbisweekend 2016.
Säit 2003 steet zu Biereng all Joer am Hierscht de Kürbis- de Kalbass- am Mëttelpunkt. Duerch eng eegen Ziichtung vun Iess- an Zierkürbisse wëllen d’Kürbisfrënn de Kalbass erëm méi no bei d’Leit bréngen.
D’Kürbisfrënn schaffen ee ganzt Joer iwwer dorunner fir am Hiescht nees ee schéint Familljefest op d’Been ze stellen a sech fir de Kürbis/Kalbass staark ze maachen.
Mir hoffen, och dëst Joer nees op ee groussen Erfolleg an op Är Visite, op dem 15. Kürbisweekend, den 30. September an 1. Oktober 2017 zu Biereng. Dee Weekend gët och de Concours vun de Risekürbissen/Kalbassen oofgehal, wou dir gäre könnt matmaachen.
Vill Informatiounen iwert d’Kürbisfrënn an hire Kürbisweekend fann dir op der homepage www.kuerbis.lu.