15. Kürbisweekend 30/9 + 1/10/2017

15. Kürbisweekend zu Biereng/Miersch.

E klenge Gebuertsdag hu mir dëst Joer zu Biereng gefeiert: de 15. Kürbisweekend.

Samschdes den 30. September a sonndes den 1. Oktober huet sech alles ëm de Kalbass bei der Hal Irbicht zu Biereng gedréint.

Ob fir ze decoréieren oder fir z’iessen, et war fir jiddereen e Kürbis dobäi. An der Kürbisscheier an der Hal Irbicht hat een déi gréissten Auswahl u Kürbissen wäit a breet.

Bei de lëtzebuergesche Meeschterschaften vun de Risekürbisse huet deen déckste Risekalbass dëst Joer 301 kg op Wo bruet.

Déi neiste Leckerei um Kürbiswekend war de Kürbishamburger, dee bei de Läit immens gudd ukomm ass.

De ganze Weekend iwer huet de Nico Thielen fir Animatioun gesuergt.

Fir de gudden Toun hunn Les Garoches, Papalula Band, Los Figaros, 3 Dudelsäck an d‘Singers gesuergt.

Et hunn erëm ganz vill Läit de Wee op Biereng fonnt an d’Organisateuren, also d’Kürbisfrënn vu Biereng, waren ganz zefridden.

www.kuerbis.lu