De Jacques Melkert huet seng Pensioun gefeiert.

Essingen:
De Jacques Melkert och nach Cook genannt huet no 43 Joer als Bauer seng wuelverdengte Pensioun gefeiert. Säin 1. Schaffdag war den 8. Mee 1972. Hien huet ganz jonk missten de Baurebetrieb doheem iwerhuelen. Dat ass him ganz gudd gelong an hien hat Mëllechkéi "vom Feinsten". Vu no a vu wäit si se komm fir seng Kéi ze bewonneren a fir gudd Rotschléi ze kréien.
Mat senger Famill a ville Frënn huet hie bei schéinem Summerwieder op dem Haff gefeiert. A Plaatz vu Kadoen huet hien en Don un d'Entwécklungshëllef vun de Jongbauere gemaach.