Don vum Buergbrennen 2016

Biereng/Miersch:
Déi Bierenger Veräiner- de Gaart & Heem, d'Jugend, 5x Beringen an d'Kürbisfrënn- hunn och dëst Joer erëm no alem Brauch d'Buergbrennen um Siebelchen zu Biereng organiséiert.Vu 17.00 Auer un gouf et Ierzebulli an et war och soss fir Iessen a Gedrënks gesuergt.Ëm 20.00 Auer huet déi läscht bestuete Koppel aus dem Duerf d'Buerg ugefaang. D'Leit aus dem Duerf a ronderëm hunn dat Ganzt gudd ënnerstëtzt an esou konnten sie virum kurzem 750€ un d'Mierscher Kannerduerf iwerreechen.