D'instrumental an d'vokal Ensembelen aus der Maacher Musekschoul an d'Fanfare Mosella vun Nidderdonwen haten dëser Deeg op e flotte Chrëschtconcert an d'Kierch zu Nidderdonwen invitéiert.
Virun engem ganz groussen a ganz intresséierte Publikum hunn de Blechbléiser Ensembel, de Geien Ensembel, de Klarinetten Trio, den Ensemble Vocal, de Querflütten Duo, d'Kanner Gesangsklass mam Blockflütten Ensembel, de Klarinetten Ensembel, den Trombonen Ensembel, den Ensemble "Hannah P. und die Vier-Tuosen", den Trompetten Ensembel, de "Big Bang" Perkussioun's Ensembel a "The little big Players" mat flotten a gefällege Weisen opgewaart. Deen Owend konnt ee wierklech d'Maacher Musekschoul vun alle Säiten a mat all hire Facette kenne léieren, wéi de Responsabel Romain Asselborn et ausgedréckt huet.
Den Entrée fir de Chrëschtconcert vun der Maacher Musekschoul war wuel fräi, awer et gouf eng Quête gemaach. De Paschtouer Guy Diederich huet a kuerze Wierder dee Projet vum Parverband Widdebierg virgestallt, deem dat gesammelt Geld zegutt komme wäert: Et geet ëm d'Ënnerstëtzung vu Schoulen am neie Land Süd-Sudan, wou de Parverband an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger ONG CSI wierksam hëllefe wëllt.
No deem uspriechende Concert huet d'Fanfare Mosella vun Nidderdonwen e Glühwäin oder e Kannerschampes offréiert. Och dee Gest ass ganz gutt ukomm, sou datt een alles an allem vun engem ganz gelongenen Owend schwätze kann.