Bei Geleeënheet vun hirem Summerfest, ufanks Juli op der Schiltzeplaz zu Gréiwemaacher, hunn d'Harmonie Municipale an aner Musikgesellschaften aus den In- an Ausland net nëmme mat ville gefällege Weisen opgewaart. De Präsident Georges May an eng Parti Comitésmembere konnten och e Scheck iwwer 1.000 Euro un d'Präsidentin Muschi Silbereisen mat Comitésmembere vun der Amicale Foyer Pietert vu Maacher iwwerreechen. Dës Zomm ass den Erléis vun deem flotte Fréijoarsconcert 2015, deen zesumme mat der Musik aus dem hollänesche Venray zu Maacher gespillt gi woar. Et sief drop higewisen, datt d'HMG scho ganz vill esou Geste gemaach huet an och an Zukunft drop hale wäert, dat ze maachen, fir esou hir Solidaritéit mat Mënschen ze beweisen, deenen et net esou gutt geet an en Zeeche vu Frëndschaft ze setzen.
(FOTO: JOHNY SCHAEFER)
(FOTO: JOHNY SCHAEFER)