Eng Partie Membere vun der Sektioun "Ons Jongen" vu Gréiwemaacher hate viru kuerzem e léierräichen Ausflug an d'Eislek gemaach. Zu Dikrech am "Musée National d'Histoire Militaire" huet de Grupp bei enger intressanter a kompetenter Féierung vum Här Frank Rockenbrod, Grënner a President vum Musée, begeeschtert nogelauschtert. Verschidden Dammen an Häre konnten och selwer mat Erliefnesser aus der schrecklecher Zäit vum Zweete Weltkrich opwaarden. Duerno goung et op Longsdref, wou d'Mëttegiessen am Restaurant-Café Faust ganz gutt geschmaacht huet. Am Nomëtteg hunn d'Membere vun "Ons Jongen" nach e puer gemittlech Stonnen an Dikrech verbruecht, éiert de Bus si zréck op d'Musel gefouert huet, wou si ganz zefridden ukomm sinn. Wat elo bleift, ass d'Erënnerung un e gelongenen Dag. A wuel och d'Virfreed op deen nächsten Ausflug.