Grouss war d'Spannung no bal fënnef Méint Waarden, grouss war den Intressi, besonnesch dee vun den Automobilisten, a grouss war d'Freed, och bei de Verantwortleche vun engem Chantier, deem säin Oflaf duerch eng perfekt Koordinatioun vu ville Kräfte beispillhaft war, wéi haut den Owend kuerz no 18.00 Auer d'Grenzbréck iwwer d'Musel an domat d'Verbindung tëscht den Uertschafte Gréiwemaacher a Wellen erëm opgaang ass.
Et ass eng wonnerschéi Bréck, déi elo erëm zwee Länner - a besonnesch och zwou befrënnt Uertschaften - matenee verbënnt.Si spaant e Bou iwwer dee Floss, deen zënter Jorhonnerten oder esouguer Jordausende emol méi oder manner gemällech duerch säi Bett fléisst, iwwer dee Floss, op deem haut stolz Schëffer fueren, iwwer dee Floss, deem säin Numm de Mënschen op deenen zwou Säiten a Fleesch a Blutt iwwergaang ass, eis Musel. An och iwwer dee Floss, laanscht deen d'Rief un deenen zwee Uwenner dofteg bléit.
Kuerzëm, eis schéin nei Bréck waart elo drop, fir "ganz fäerdeg" ze ginn - a fir hir Aweiung da mat engem richtege Fest ze erliewen. Dat wäert wuel am Fréijor 2014 de Fall sinn. A si verdingt dat och, déi wonnerschéi Verbindung tëscht Maacher a Wellen, déi virun allem Mënsche matenee verbënnt!