Um Kräizerbierg zu Maacher ass e Sonndeg un d'Affer vun den Zwangsrekrutéierten erënnert ginn. "Op dësem Dag vu besonnescher Erënnerung an op dëser geschichtsträchteger Plaz denke mer mat Respekt un all déi Maacher Jongen a Meedercher, an un déi vill aner, déi an där onséileger Zäit vum Zweete Weltkrich hiert Liewe fir d'Heemecht agesat a geaffert hunn." Esou huet et nees eng Kéier an där gutt gefëllter Kräizkapell geheescht, wou den Deche Claude Bache d'Stëftungsmass fir "Ons Jongen" gehal huet, wéi dat schonn zënter 1956 all Joer den zweete Sonndeg am Juli Traditioun ass. Deemools sinn de Kräizerbierg an d'Kräizkapell jo feierlech zum "Monument aux Morts" vun der Stad Maacher ageweit ginn.
De Präsident an d'Comitésmembere vun der Sektioun "Ons Jongen", d'Chorale, d'Maacher Musek, de lokale Pompjeescorps an d'Vertrieder vu Veräiner waren zesumme mat ville Maacher Leit mat derbäi, wéi de Scheffen- a Gemengerot an aner Maacher Veräiner no der Mass Blumme beim Monument virun der Kräizkapell néiergeluegt hunn.
Och dat schéint Monument um Fouss vum Kräizerbierg, dat op d'Bedeitung vun dësem Hellegtum fir d'Stad Maacher hiweist, war fir dëse besonneschen Dag extra erausgefiizt ginn.
Bei der Réceptioun op der Maacher Gemeng hunn esouwuel de Buergermeeschter Léon Gloden, wéi och de Präsident vun "Ons Jongen", Bernard Paulus, op eng besonnesch Traditioun higewisen, déi 2016 scho 60 Joer bestoe wäert an déi an der Muselmetropol ni an de Vergiess geroden däerf.
(FOTO: JEAN WALTE)