E schéine Gest vun de Fraen a Mamme vu Gréiwemaacher

Dëser Deeg hunn d'Fraen a Mamme vu Gréiwemaacher am "Home pour personnes âgées" zu Gréiwemaacher en duebelt Eisekuchseisen un den Direkter vum HPPA, Dirk Willems, iwwerreecht. Bei där Feierstonn waren och de Generaldirekter vun allen HPPA, Jeannot Ewald, d'Isabelle Friedrich, Responsabel fir d'Hôtellerie zu Gréiwemaacher, d'Schwëster Elisabeth Majerus, Oberin vun der Schwësteregemeinschaft, d'Pastoralreferentin Daniela Steil a Vertriedung vum Deche Claude Bache an d'Schäffin Monique Hermes mat derbäi.
D'Präsidentin vun de Maacher Fraen a Mammen, Marianne Beffort, huet alle Membere Merci gesot, déi och dëst Joer nees beim Basar gehollef hunn an huet bedauert, datt och zu Maacher ëmmer manner Memberen do sinn, wann et heescht, eng Hand mat unzepaken. Si huet och op de Scheck vun 3.000 Euro higewisen, dee scho beim Télévie iwwerrecht gi war - Maacher war jo dëst Joer ee vun de "Centres de promesses".
Um Direkter Dirk Willems war et, fir de Fraen a Mammen e ganz häerzleche Merci ze soe fir hiren Engagement a fir all déi wäertvoll Zäit, déi si anere Mënsche schenken. Och vu Säite vun der Gemeng kruten d'Maacher Fraen a Mammen net nëmme Merci mä och all néideg Ënnerstëtzung zougesot.
A geselleger Ronn ass dee flotten Owend bei engem gudde Maufel an engem sëffege Patt op en Enn gaang.