Et ass scho bal eng Traditioun, datt d'Maacher Klassen aus dem Cycle 1 (Précoce a Préscolaire) mat hire Léierpersoune sech eng Eier draus maachen, fir ëm d'Fuesent d'Beem an der Maacher Foussgängerzon flott ze rëschten.
Dat war haut de Mëtteg nees eng Kéier de Fall, an d'Leit, déi laanscht gaang sinn, hunn net schlecht gestaunt, wéi d'Joffer Lynn, fachmännesch "ofgeseelt", zesumme mam Marc an ënner der Opsiicht vum Patrick um "Baulift" stoung, an de Beem an der batterer Keelt e faarwegt Kleed ugedo huet.
Wéi déi zwee et richteg maache sollten, krute se vun de Joffere Pole, Claire a Christine gesot, déi "vun ënnen" hir Instruktioune ginn hunn, wou dëst oder dat Konschtwierk nach besser ze placéiere wär.
A propos "Konschtwierk": D'Thema, mat deem d'Meedercher an d'Jongen aus deenen 10 Klassen aus Cycle 1 sech dëst Joer zesumme mat hire Léierpersoune beschäftegt hunn, war "Kënschtler".
Dofir hunn elo beschtbekannt Leit ewéi Hundertwasser, Malevich, Niki de St-Phalle, Rizzi, Keith Haring, Pollock a Corneille hir ganz eege Plaz un enger ganzer Parti Beem an der Maacher Foussgängerzon.
A fir datt och jidderee weess, wie sech mat weem beschäftegt huet, sti Schëlter mat där jeweileger Klass an dem Kënschtler derbäi. Wann ee sech d'Konschtwierker vun deene ronn 150 "Kënschtler en herbe" also méi genee ukucke wëllt, muss een de Kapp hiewen a bécken, fir alles ze verstoen.
Wéi deem och sief, d'Beem an der Gréiwemaacher Foussgängerzon hunn elo emol erëm schéi faarweg "Blieder" - an dat, bis datt dat jonkt Laf kënnt. Mä dat dauert wuel nach e bëssen...