Hell huet d'Buerg iwwer Gréiwemaacher geliicht

Scho gëschter den Owend - an net eréischt haut op Buergsonndeg - haten d'Amicale vun de Maacher Guiden a Scouten an de Groupe Saint Laurent op d'Buergbrennen op deen härleche Site beim Aussiedlerhaff héich iwwer Gréiwemaacher agelueden.

Vill Leit, a ganz besonnesch vill Jonker, wollte sech dann och deen eemolege Spektakel net entgoe loossen.

Am Fakelzuch goung et um 18.30 Auer vum Maacher Schoulhaff aus a Richtung Aussiedlerhaff ganz uewen an der Hiel. Um 20 Auer hunn de Präsident Aly Gary, den Deche Fränz Muller, Membere vun der Famill Hoffmann, vun der Amicale an och vun de Guiden a Scouten ënner enegem wonnerschéine Stärenhimmel d'Feier fir d'Buerg geschürt.

A kuerz duerno stoung déi stolz Buerg, déi de ganzen Dag mat vill Méi opgeriicht gi war, hell a Flamen, déi bis wäit iwwer Maacher eraus geliicht hunn. Wann een awer aus der Richtung vum Damp d'Wieder fir déi nächst Zäit hätt missen ofliesen, wär ee schlecht dru gewiescht, well deen ass esouzesoe riicht d'Luucht aus gaang.

Fir Iessen a Gedrénks war natierlech och an der Hal direkt nieft der Buerg gesuergt. An déi, déi net zu Fouss op den Aussiedlerhaff goe konnten oder wollten, si ganz kamout per Navette erop an erof gefouert ginn.