Zu Gréiwemaacher am Veräinshaus ass zurzäit eng méi lass. Do presentéiert de Musekstheaterveräin Rhäifränsch säi véiert Koméidisstéck, dës Kéier mam Titel: "Mir sinn Tell" - vum Jemp Schuster (Text a Regie), mat Musek vum Georges Urwald.
"Fort vum traditionellen, verstëpsten Duerftheater! Mir sinn Tell - an Dir sidd mat derbäi!" Esou gëtt dat flott Stéck vum Moderator ugekënnegt, well esou e Personnage gehéiert zu enger echter Castingshow. Direkt am Ufank bretzen d' "Kandidate" sech mat hirem besonneschen Talent, fir dem Schiller säi weltberiimten Tell duerzestellen a fir doduerch e richtege Star ze ginn. Wa se et net scho sinn, wouvun d'Jury awer net esou iwwerzeegt ass...
Mä dee kriddleche "Regissör" sicht fir "säin" Tell e ganz präzise Profil, een, deen "eist Heemechtsland rett". Awer do ass och nach dee béisen an onkamoute Gessler... Ass de "Regissör" éiere vun der "Komplexitéit vun der Matière" e bëssen iwwerfuerdert?
A wat huet dee Schwäizer Nationalheld Tell dann iwwerhaapt zu Maacher op enger Bühn verluer? Oppositioun ass ugesot, an zwar vun de Kandidate selwer, well "mir kënnen dach net einfach den Tell op Maacher an d'Kofferschmattsgässel verplanzen!" Wéi wär et mam Schéifermisch, deem vun do uawen? Dat wär wéinstens e Lëtzebuerger Nationalheld - mengt natierlech och d'Publikum... Awer domat si weder de Komponist nach d'Äppelfra averstan. Deen ee misst seng Musek ëm schreiwen, déi aner kënnt hir Äppel net méi feelbidden... O, wat eng elle Welt!
Tja, ass den Tell dann herno awer e Maacher Held? Also, dat muss ee scho selwer erausfannen, wann een dat immens flott Theaterstéck mat vill Witz, vill Variatioun a wuel och e puer eeschte Momenter kucke kënnt. Eent sief nach verroden: Eenzel Pointe passen op Lëtzebuerg - an och op Maacher - wéi d'Fauscht op d'An!
An nach eppes: Dat onkonventionellt Musekstheaterstéck do lieft och duerch déi schmësseg Musek, gespillt vum Orchesterchen, dee matrappt, duerch deen engagéierte Gesank vun den Elblinger, déi begeeschteren, je, duerch dee beriimte Fonken, deen direkt iwwerspréngt. Dat do ass kee verstëpsten Duerftheater, mä e sprëtzegt, lëschtegt Koméidisstéck, aus deem d'Rhäifränsch dat Allerbescht mécht!
Gespillt gëtt nach den 12., 16., 18.,19,. 23., 24. a 25. Oktober 2013, all Kéier um 20.00 Auer zu Gréiwemaacher am Veräinshaus (rue de l'église). Entrée fir Erwuessener: 13 Euro, fir Kanner ënner 12 Joer: 8 Euro. Reservéierungen um Telefon 621 322 835. Kuckt och op www.georgely.lu