Gréiwemaacher: Hundertwasser - Bal ewéi de Meeschter selwer...

Et ass e flotte Projet, deen d'Joffere Lynn a Claire aus dem Maacher Cycle 1 (Préscolaire) zesumme mat hire Schoulklasse verwierklecht an duerno och ganz houfreg presentéiert hunn: Bei där faarweger Ausstellung am Hal vum Gebai sollt een eppes vun deem bekannten éisträichesche Moler an Architekt Friedensreich Hundertwasser (1928-2000) spieren.

Kee Wonner, datt d'Kanner begeeschtert matgemaach hunn, wéi et geheescht huet, verschidde Wierker vum Hundertwasser zu Pabeier ze bréngen. Dofir konnte ganz vill Elteren a Vertrieder vum Maacher Léierpersonal dëser Deeg net nëmmen dat berühmt Hundertwasser-Haus an der Maacher "Spillschoul" bewonneren.

Déi kleng Kënschtlerinnen a Kënschtler waren "à la Hundertwasser" ugedo. Si hunn en "Hundertwasser-Lidd" gesongen, an et ware Schong a Stiwwelen ausgestallt, déi de Meeschter héchstperséinlech hätt kënne gemoolt hunn.

Dee wonnerprächtege Stull, op deem den Hundertwasser wuel mat gréisstem Pleséier getrount hätt, gouf mat vill Begeeschterung versteet. Et sief verroden, datt en "an der Famill vum Préscolaire" bliwwen ass.

A wann déi flott Ausstellung net méi ze gesinn ass, dann erënnert eng Sail an der Entrée vum Maacher Préscolaire un dee bedeitenden éisträichesche Kënschtler. Gestäipt vu fachmännescher Hëllef, hunn d'Kanner aus deenen zwou Klassen an hir Léierpersounen se "à la Hundertwasser" dekoréiert. Keen aner wéi de Maacher Buergermeeschter huet d'Konschtwierk dann och bei Geleeënheet vun der Ausstellung ageweit...