Dräi Deeg laang war d'Muselmetropol Gréiwemaacher de Weekend am Ausnamzoustand. Beim 63. Drauwen- a Wäifest, dem Fest vun de Fester un der Lëtzebuerger Musel a wäit doriwwer eraus, hätt d'Stëmmung net kënne besser sinn.
E Freideg den Owend huet d'Lynn Mantz d'Anne Haas bei enger flotter Kréinungsfeier am Centre culturel ofgeléisst. Datt Animatioun a gutt Laun dobäi Tromp waren, brauch wuel net extra ervirgehuef ze ginn.
Concerten a Stroossemusek, awer och eng schmësseg Showbandparad an e grandiost Freedefeier hunn de Samschdeg charakteriséiert.
An um Sonndeg ass dee faarwege folkloristesche Cortège duerch d'Stroosse vun der Muselstiedche gezunn. Déi vill Leit, déi op Maacher komm waren, hu begeeschtert an d'Hänn geklatscht oder matgesongen. An natierlech op déi 63. Lëtzebuerger Wäikinnigin geprost. Bis an de spéiden Owend era war eng méi lass op deene ville Stänn.
Et ass kee Wonner, datt och dëst Joer d' "Cuvée de la Reine" den Hit vum Maacher Drauwen- a Wäifest war...
Fir deem ganzen Drauwen- a Wäifest e besonneschen Touch ze ginn, huet d'Sonn et esouzesoe kee Moment ënnerlooss, fir vum bloen Himmel ze stralen, esou, wéi et sech ägentlech passt, wann e besonnescht Fest zu Maacher um Programm steet...