An enger echter Kutsch, gezunn vun zwee schéine Päerd, sinn de Kleeschen an den Houseker haut de Mëtteg zu Gréiwemaacher virum Centre Culturel ukomm. Et muss ee wëssen, datt Maacher fréier eng wichteg Statioun um Wee vun der Postkutsch aus der Stad op Tréier, respektiv op Iechternach war.
Vun der HMG sinn den "hellege Mann", deem säin Namensdag mer de 6. Dezember feieren, a säi schwaarze Begleeder mat enger flotter Weis begréisst ginn. An du goung et am Cortège duerch Maacher bis op d'Maartplaz. D'Pompjeeën, d'Musikantinnen an d'Musikanten, d'Kanner aus der Maacher Grondschoul mat hirem Léierpersonal, vill Eltere mat hire méi klenge Kanner an d'Organisateuren - dat sinn d'Elterevereenegung vun der Grondschoul, d'Gemeng Maacher, de Geschäftsverband an de Syndicat d'Initiative - haten all drop gehal, fir dem Kleeschen d'Geleet ze ginn.
Um Kiosk um Maart huet den Tun Cavaleiro dem Kleesche merci gesot, datt en de Wee op Maacher fonnt hat. Duerno war et un de Kanner, fir hirem grousse Frënd d'Reverenz ze erweisen. "Zinniklos, vergiess mech net - Ei, ei, ei, lo ass de Kleeschen hei - Am Dezember, vrun Niklosdag - Kanner, loosst mer lëschteg sinn", huet et ofwiesselnd geheescht.
De Kleesche war beandrockt vun där léiwer Feierstonn an en huet de Kanner dat och gesot, ir se all vum him ganz perséinlech hir gutt gefëllt Tiitchen iwwerreecht kruten.
Den Erwuessenen huet de Glühwäin um Stand vun der Elterevereenegung extra gutt geschmaacht, well et war kal haut de Mëtteg zu Gréiwemaacher. Nëmmen d'Kanner hunn dat net esou gespuert, well de "léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen" deet d'An liichten a mécht d'Häerzer warem...