De Kleesche war zu Maacher

Gëschter de Mëtteg war et nees eng Kéier esou wäit: Dee léiwen, gudde Kleeschen, deen d'Kanner esou gär hunn, koum op Maacher, an dat trotz Reen a Wand.

Wéi den Himmelsmann kuerz viru 14.00 Auer beim Centre culturel ukoum, gouf e vun der Maacher Musek wëllkomm geheescht. Duerno goung et am Cortège, ugefouert vun de Maacher Pompjeeën an der HMG, op d'Maartplaz, wou extra e Kiosk fir de Kleeschen opgeriicht gi war.

Am Cortège ass de Kleeschen an enger schéiner Kutsch gefuer, déi vun zwee gedëllege Päerd gezunn ginn ass, wat de Kanner natierlech besonnesch imponéiert huet.

Op der Maartplaz hunn déi Kleng mat hire Léierpersounen deem léiwe Kleeschen hir Reverenz erwise mat Liddercher a Gedichter, déi scho laang virdru fläisseg geprouft gi waren. Datt d'Kanneran trotz dem Reen geliicht hunn, versteet sech vum selwen.

De Kleeschen huet a senger Usprooch betount, wéi gär datt hien all Joer op en Neits op Maacher kënnt. Hien huet och drop gehal, fir deene klengen a grousse Frënn Merci ze soe fir dee waarmen Ëmfank, a fir d'Kanner drun ze erënneren, datt se sech gutt schécken och och emol un déi méi arem Kanner denke sollen...

Wéi duerno déi vill kleng Frënn eng gutt gefëllt Tiitchen - "gesponsert" vum Geschäftsverband, der Elterevereenegung, dem Syndicat d'Initiative an der Gemeng - aus den Hänn vum Kleesche perséinlech entgéinthuele konnten, war de Reen definitiv vergiess...