Jo, léif Frënn, Dir huet richteg verstan: Dem Dicks seng "Kirmesgèscht" si fir de Moment - an direkt eng hallef Dose Mol - zu Gaascht am Stued Theater zu Gréiwemaacher!
Vun deem Theater huet Dir nach ni eppes héieren? Dat ass schued, well e funktionéiert schonn - an zwar ganz, ganz gutt - zënter dem Oktober 2008. Um Stued. An där aler Wierkstat, an där de Grousspapp vum Georges Urwald an der Zäit ënner anerem Ween gebaut huet. Well de Jemp Urwald sen. war Woner vu Beruff. An nawell e ganz bekannten.
De Stued Theater ass "kee Commerce, mä eng Iddi", mä e Privattheater fir Lëtzebuerger Klengkonscht an e gëtt bedriwwe vun där sympathescher an talentéierter Koppel Georges Urwald an Nadine Kauffmann.
Well déi zwee sech virgeholl hunn, all Joer eng aner Operett vun eisem onstierflechen Dicks opzeféieren - op eng ganz besonnesch Manéier, an zesumme mat gläichgesënnte Frënn - stinn 2011 d'"Kiermesgäscht" um Programm, an dat nom "Scholdschäin" an dem "Koseng" an de Jore virdrun.
Dësen Eenakter vum Edmond de la Fontaine (aus dem Joer 1856) ass iwwregens frësch arrangéiert ginn. Fir de Stued Theater!
An déi flott Liebesgeschicht tëscht dem Nannéi an dem Haréi gëtt brillant erzielt vum Nadine Kauffmann. Awer d'Personnage sinn och live derbäi: d'Kusinn Langfësch, de Koseng Ficelle, den Holzknuet. Zesumme mat engem klengen Orchester: Gei, Fagott an Accordéon. A mat animéierte Collagen. Well där ginn et och am Stued Theater.
Natierlech kënnt d'Sangen net ze kuerz; d'Lidder si wuel eng vun de Stäerkten am Dicks sengen onstierflechen Operetten.
An et gëtt Ham a Kiermeskuch, wéi dat sech gehéiert, wann een op d'Kiermes kënnt. "E Pättchen an e Maifelchen", huet den Haushär bei der Première gesot.
Am Stued Theater fänken d'Virféierungen iwwregens ëmmer u mat flottem Gesank. A se hale meeschtens och domat op. Et ass dach e Genoss, wann all déi, déi op der Plaz sinn, Lidder ewéi "Ech sinn e groussen Hexemeeschter", "Zu Lëtzebuerg stoung d'Siegfriedsschlass", "Et wor emol e Kanonéier", an nach vill anerer zesumme sangen.
Dofir kënnt an nächster Zäit och dat éischt Stued Theater Lidderbuch eraus. Mat bekannten a manner bekannte Saachen, déi an déi al Woner-Wierkstat passen. Dir wäert nach méi vu "Wupperätät" héieren, wann et esouwäit ass...