"Bethlehem ass iwwerall..."

Et war wonnerschéin, dat Krëppespill, dat eng ganz Parti Kanner an de Metten op Hellegerowend an der iwwerfëllter Dekanatskierch zu Gréiwemaacher opgefouert hunn.

D'Geschicht ass bekannt, an déi jonk Erzielerin huet se gutt eriwwerbruecht: D'Maria an de Jousef ginn op Bethelehem, fir sech a Lëschten aschreiwen ze loossen. Si fanne keng Plaz an der "Herberg", an dee klenge Jesus kënnt an engem "Stall" (oder an enger Fielsegrott) op de Felder viru Bethlehem op d'Welt.

Déi éischt, déi d'Kand besiche kommen, sinn arem Hiirden. Si loossen hir "Schätz" do: e Scheefchen, eng warem Decken, e frëscht Brout an e Glas Hunneg. Duerno kommen d' "Kinneken" aus dem Muergeland - mat Gold, Wäirauch a Myrrhe...

Dertëscht huet d'Chorale an hunn déi vill Leit bekannt Chrëschtlidder gesongen. Awer dat Schéinst war wuel de Message zum Schluss vum Krëppespill: "Bethlehem ass iwwerall do, wou Mënsche frou matenee sinn, wou Mënsche Liicht schenken, wou Mënschen dem Jesus seng Botschaft verstan hunn an an d'Wierklechkeet ëmsetzen."

No dësem "besonneschen Evangelium" huet den Deche Fränz Muller de Kanner an och deenen Erwuessenen, déi mat hinne geübt haten, en häerzleche Merci gesot. Duerno huet hien op eng ganz flott Manéier d'Chrëschtbotschaft kommentéiert an duergeluegt.

An et war e feierleche Moment, wéi zum Schluss vun de Metten dat bekannt a beléift Chrëschtlidd "Stille Nacht" erklong ass.

Datt déi schéi Krëppchen, déi fläisseg Hänn an der Kierch zu Maacher opgeriicht hunn, duerno vill bewonnert gouf, versteet sech wuel vum selwen. Wat wär Chrëschtdag ouni si?