"Best Of" mat der Maacher Musekschoul

"Best Of", war dee flotten Ofschlossconcert vun der Maacher Musekschoul iwwerschriwwen, dee gëschter den Owend am Centre culturel zu Maacher iwwer d'Bühn goung.

All Ensemblen a Klassen aus der EMMG - de Klarinetten Ensemble, den Ensemble Vocal, "The Horn Players", de Blockflütten Ensemble, "Percusonic", d'Kannergesangsklass, de Geien Ensemble, de Querflütten Ensemble, "die 4-Tuosen", d'Combo, den Erwuessene Saxophon Ensemble, verschidde Solfège Klasse mat Deeler aus de Kannermusicals "Liichten an der Nuecht" an "Unsere Solfègeklasse fliegt zum Mond", d'Orchesteren "The Big Players" an "Hirschhaus" - an deemno eng 300 Kanner, Jugendlecher an Erwuessener, waren dru bedeelegt. De "Chef" Romain Asselborn huet selwer duerch de Programm vun dësen "aussserschoulesche Best Of" vun engem ganze Schouljoer gefouert.

D'Kiischt um Kuch war ganz sécher, datt am Laf vum Owend zwéi Schecke konnten iwwerreecht ginn: 4.462,60 Euro goungen un d'Lëtzebuerger Rout Kräiz als Hëllef fir Japan. Dat war den Erléis vum Benefiz-Disney Concert zu Maacher am Veräinshaus an zu Rued am Syrkus a vum "Chrëstmoart 2010" vun der Maacher Rout Kräiz-Sektioun.

400 Euro goufen un d'"Kannerland Centre d'Accueil Lëtzebuerg" iwwerreecht. Si ware gespennt gi beim Kannermusical "Liichtchen an der Nuecht" am Kader vu "Jugend musizéiert" zu Wormer.

Um Schluss vum Concert, an deem och déi nei Asbl "Frënn vun der Maacher Musekschoul" kuerz virgestallt gouf, huet d'Léierpersonal aus der EMMG e Geschenk als Merci un de René Haas iwwerreecht. No 24 Joer Präsenz an der Iwwerwaachungskommissioun vun der EMMG, dovunner der 22 als Präsident, wäert hien no de Gemengewalen am Oktober dëst Amt zur Verfügung stellen.