"Äddi Spillschoul" zu Gréiwemaacher

"Mir soen Äddi, d'Spillschoul geet zu Enn, mä mir bleiwe Frënn!", huet et gëschter am spéiden Nomëtteg wéi aus engem Mond an der Spillschoul zu Gréiwemaacher geheescht, an engem flotte Lidd, dat "déi Grouss" aus der Spillschoul zesumme mat hire Léierpersoune viru ganz ville Leit gesongen hunn.

Mat engem Danz, opgefouert vun de Spillschoulskanner, an hire schéinen T-Shirte mam klenge Prënz vir drop a mat grénge Fräschen, awer och mat den Nimm vun hire Komerodinnen a Komeroden hannen drop, hat d'Feierstonn ugefaang.

E spannende Moment war d'Iwwerreechung vum Portfolio, mat engem Cadeau vun de Léierpersounen, un d'Kanner, déi ganz houfreg bei hir Eltere geschréckt sinn. Ganz intresséiert huet Kleng a Grouss duerno op d'Klasseverdeelung gewaart; déi "nei" Léierpersoune waren och op d'Fest komm, an d'Kanner an d'Eltere konnte se eng éischt Kéier vu ganz no gesinn.

An zum Schluss sinn aus dem Spillschoulshaff vu Gréiwemaacher aus ganz vill faarweg Loftballonen an déi grouss, wäit Welt geflunn, wuel och als Zeeche vun där verdingter Vakanz, déi elo virun der Dir steet...