Kürbisfrënn Biereng

D’Kürbisfrënn vu Biereng/Miersch hunn och dëst Joer erëm e Chèque vun 2500€ u de Kiwanisclub Uelzechtdall iwwerreecht.Dat ass een Deel vum Erléis vum Kürbisweekend 2014. 
Säit 2003 steet zu Biereng all Joer am September de Kürbis- de Kalbass- am Mëttelpunkt. Duerch eng eegen Ziichtung vun Iess- an Zierkürbisse wëllen d’Kürbisfrënn d’Virzig vun där wonnerbarer Fruucht weisen. 
Duerch d’Kreatioun an d’Ubidde vun enger Vielfalt u Kürbisproduiten, wéi ënner anerem Kürbisquiche, Kürbiswurschten, Kürbiszopp, Kürbiskichelcher, Kürbisgnocchi, Kürbiséclair, Kürbistaart a -kuch a Kürbismouerekäpp hu mir och vill Visiteure op de Kürbis-Goût bruecht. 
All Joer gëtt et och frësche Kürbisschampes, dee mir just fir eist Fest produzéiere loossen. 
D’Kürbisfrënn schaffen ee ganzt Joer iwwer dorunner fir am September nees ee schéint Familljefest op d’Been ze stellen a sech fir de Kürbis staark ze maachen. 
Op gudd 1 Hektar gi Planze gesat an d’Friichten ginn um Kürbisweekend verkaf. 
Mir hoffen, och dëst Joer nees op ee groussen Erfolleg an op Är Visite, 
den 19. & 20. September 2015 zu Biereng. Dee Weekend gët och de Concours vun de Risekürbissen oofgehal, wou dir gäre könnt matmaachen. 
Vill Informatiounen iwert d’Kürbisfrënn an hire Kürbisweekend fann dir op der homepage www.kuerbis.lu.