Buurgbrennen 2015 zu Biereng/Miersch

Et war elo schons fir déi 7. Kéier wou d’Veräiner vu Biereng d’Buurgbrennen organiséiert hunn. Bis d’Joer 2008 mat, hunn d’Pompjeeën dat ëmmer gemaach. Elo ass et d’Jugend, de Gaart & Heem, 5xBeringen an d’Kürbisfrënn déi all Joer fir d’Organisatioun zoustänneg sinn.
Fir datt déi Traditioun am Duerf soll weider bestoe bleiwen, hunn d’Veräiner sech mat der Hëllef vun private Leit zesummegesat fir op d’Buurgbrennen ze invitéieren.
Den Erléis vum Buurgbrennen ass ëmmer fir e gudden Zweck.
Den 17. Juli hunn e puer Vertrieder den Erléis vun 1000€ un MSL ( Multiple Sclérose Lëtzebuerg) um Bill iwwerreecht. Duerch deen Don kann MSL speziellt Material kafen an Ausflich a Konferenzen organiséieren.