Solidaritéit mat de Kanner am Ruanda

Zënter 15 Joer ënnerstëtzt d’Ecole Privée Sainte-Anne an hirem projet de solidarité d’Maison Shalom vum Maggy Barankitse. Wann ëmmer si Zäit huet, kënnt si d’Schoul och besichen an ëmmer weess si d’Schülerinnen mat hirem Engagement, hirem Optimismus an hirer Energie ze beandrocken. Esou och dëst Kéier erëm: D’Schülerinnen vun den Examensklassen haten d’Chance sech mat dem Maggy ze ënnerhalen an si huet hinnen de Message mat op de Wee ginn, dass si d’Wäerter, di si an der Schoul vermëttelt kréien, ni sollen vergiessen an dass den Engagement vun all eenzele Mënsch hëlleft eis Welt besser ze maachen. D’Ecole Privée Sainte-Anne ass och beim nächste grousse Projet vum Maggy Barankitse dobäi: Sainte-Anne baut mam Maggy eng Schoul am Ruanda an sammelt dofir 75000 Euro. Jiddereen, deen dëse Projet wëll ënnerstëtzen, kann e Bong kafen fir eng oder méi Zillen vun der Ecole Sainte-Anne zu Kigali. Méi Infoen fënnt een op www.sainte-anne.lu.