Ecole Privée Sainte-Anne engagéiert sech fir Stroosekanner op de Kapverden

SOS Villages d'Enfants Monde ënnerstëtzt op der ganzer Welt an 138 Länner méi wéi 1.000.000 Kanner an hir Elteren. Ouni finanziell Hëllef kéinten si hir wäertvoll Aarbecht awer net maachen an esou freeën si sech iwwer all Spend. Zënter 17 Joer setzt sech d'Ecole Privée Sainte-Anne mat hirem projet de solidarité fir d'SOS Villages d'Enfants Monde an. 2008 konnt duerch den Engagement vun de Schülerinnen an dem ganzen Corps enseignant e Centre social zu Mindelo op den Kapverden säi Betrib ophuelen, wou all Dag Stroossekanner net nëmmen Iessen kréien an e Bett fir ze schlofen mee och d'Méiglechkeet an d'Schoul ze goen oder eng Ausbildung ze maachen an wou Famillen an Nout gehollef kréien. Och dëst Schouljoer konnt Mme Sophie Glesener, Présidentin vun SOS Villages d'Enfants Monde Luxembourg, sech bei hirem Besuch an der Ecole Privée Sainte-Anne iwwert e Scheck vun 7890 Euro freeën.