Den enke Kontakt tëschent der Ecole Privée Sainte-Anne an dem Maggy Barankitse besteet schonn iwwer 15 Joer an och dëst Schouljoer ass d'Maggy d'Schoul besiche komm an huet mat de Schülerinnen geschwat, di mat hiren Aktivitéiten d'Maison Shalom ënnerstëtzen.
Bei sengem Besuch konnten si him e Scheck iwwert di stolz Zomm vun 21.000 Euro iwwerreechen, di si am leschte Schouljoer fir den Projet de solidarité gesammelt hunn.