Solidaritéit mat den Affer vun Gewalt géint Fraen

NO-kucken / NO-lauschteren / NO-soen”, dat ass de Slogan fir d’Orange Week 2022 vun der Ecole Privée Sainte-Anne. D’Orange Week vum 25. November bis zum 10. Dezember ass eng Initiative vum Conseil National des Femmes du Luxembourg an soll d’Gesellschaft drop opmierksam maachen, dass all Dag Fraen an Meedercher Affer vun Gewalt ginn. Fir dës Aktioun och no baussen siichtbar ze maachen, hunn d’Konschtproffen vum Sainte-Anne zesummen mat 1ères - Schülerinnen e Banner entworf mat Biller vun de Schülerinnen, déi NO zu all Form vun Gewalt soen an dëse Banner gouf baussen virun der Schoul ubruecht.