Scheckiwwerreechung am Sainte-Anne

D’Schülerinne vun der 1TPCM-1 hunn dës Woch ganz stolz e Scheck vun 5.100 € un d’Fondation partage.lu iwwerreecht. Dës Suen hunn si am Kader vun hirem Projet “INKUNGA” gesammelt. Domadder finanzéieren si de Kaf vun Schoulmaterial fir di nei Schoul Sainte-Anne zu Kigali am Ruanda.