E ganz wichtegen Punkt an der Schoulcharta vun der Ecole Privée Sainte-Anne ass d’Iddi vun der Solidaritéit. All Joers engagéieren sech eis Schülerinnen an sëllegen Aktiounen fir eisen Projet de Solidarité ze ënnerstëtzen.
Zënter 14 Joer ass d’Maison Shalom vun der Madame Maggy Barankise e wichtegen Partner an dësem Projet. Zesummen mat Partage.lu huet Sainte-Anne d’Liewenswierk vum Maggy kennen geléiert: Deenen Kanner an Jugendlecher aus dem Burundi, di hir Elteren am Krich verluer hunn, een neit Doheem ze ginn, fir hir Ausbildung ze suergen an hinnen eng Chance op eng nei Zukunft ze bidden.
Aus dem éischten Kontakt ass mat der Zäit eng eng Frëndschaft ginn. Bei sengen reegelméissegen Visitten am Sainte-Anne weess d’Maggy Schülerinnen an Léierpersonal mat sengem Enthusiasmus, senger Energie an senger Häerzlechkeet ze begeeschteren.
Den 1. Oktober war et erëm esou wäit: Sainte-Anne konnt d’Maggy wëllkomm heeschen an d’Meedercher vun de 4ièmen haten d’Geleeënheet hir nozelauschteren an mat hir ze diskutéieren.
Ofgeronnt gouf de Besuch mat der offizieller Scheckiwwerreechung: Am Schouljoer 2020-2021 konnten mat diversen Aktiounen (ënner aneren eisem éischten “Chicken Run”) 29.444,85 Euro fir den Projet de solidarité gesammelt ginn an dovun goungen 22.00 Euro un d’Maison Shalom.