Mir hunn kee Planéit B


An der Schoulcharta vun der Ecole Privée Sainte-Anne steet als wichtege Punkt den Engagement fir eis Ëmwelt. Fir d’Schülerinnen ze sensibiliséieren ginn am Laf vum Joer ëmmer erëm Aktiounen gestart. AOktober hunn Formatricen vun der SuperDrécksKëscht Akademie d’Klassen an engem flotten an interessanten Cours opgekläert: D’Schülerinnen vum Cycle inférieur kruten en Atelier zum Thema „Ressourcenschounung“, wou si sech op eng spilleresch Aart a Weis mat dem Problem vun dem Verschwannen vun eisen natierlechen Ressourcen beschäftegt hunn. An enger interaktiver Gruppenaarbecht hunn si sech duerno mat dem Recycling vun eisem alldeeglechen Offall auserneegesat.

Am Cycle supérieur ass et ëm d’Bedeitung vum « Earth Overshoot Day“ gaangen, eisen ökologeschen Foussofdrock an ëm méiglech individuell Léisungen vum Problem.

D’Schülerinnen hunn begeeschtert matgemaach, well si gesinn hunn, wéi een och als eenzele Mënsch säi Bäitrag kann leeschten!