Glécklech Premières-Schülerinnen an der Ecole Privée Sainte-Anne

Och an Zäiten vun Covid 19 ass et wichteg ze feieren an e gepackten Premièresexamen ass op all Fall e Grond fir ze feieren. An dofir gouf am Sainte-Anne d’Remise des diplômes gefeiert- wann och ënnert den 3G-Konditiounen. Eng Equipe vun der Schoul huet virun der Zeremonie d’Schnelltester duerchgeféiert, sou dass d’Veranstaltung ënnert gréisstméiglecher Sécherheet konnt stattfannen.

Den Direkter Georges Kayser huet e kuerze Resumé vun dem net ëmmer einfachen Schouljoer gezunn, an deem d‘ Schülerinnen an d’Enseignanten vum Sainte-Anne awer no dem Motto „Méi staark zesummen“ gewisen hunn, wéi een esou e Joer zesummen meeschtert.

Am schéin dekoréierten Sall huet all Schülerin op hirem Stull e Kräiz als Cadeau vun der Aumônerie fonnt an nodeems si hiren Diplom an natierlech – wéi et am Sainte-Anne Traditioun ass zënter ville Joren – hir Sonneblumm vum Direkter iwwerreecht krut, war et Zäit fir de gemittlechen Aperitif an der Kantin. D’Equipe vun der Kichen hat et sech net huelen gelooss, all Invitéen mat salzegen an séissen Amuse-bouchen ze verwinnen.