Am Kader vun der 13ter Editioun vun der Aktioun „ Mam Vëlo op d‘ Schaff“ hunn d’Partnerschoulen Fieldgen an Sainte-Anne et fäerdeg bruecht eng ganz Reih vun hire Mataarbechter ze motivéieren fir mam Vëlo op d‘ Schaff ze kommen an domadder net just eppes fir d‘ Wuelbefannen an d‘ Gesondheet ze maachen, mee och en Beitrag fir eng Klimaverbesserung an eng Reduktioun vum Verkéierschaos op de Stroossen ze leeschten. Déi zwou Schoulen waren op d‘Präisiwwerreechung invitéiert well hiren Arbeitgeber, d’ AGEDOC, zu deenen 3 Patron’en gehéiert huet, déi déi meeschten Mataarbechter motivéiert kruten, fir wärend der Period vum 15.05.21 - 31.07.21, op de Vëlo als Fortbeweegungsmëttel fir den Aarbechtswee zeréck ze gräifen.
D’ AGEDOC huet déi éischt Platz beluecht an d’ Vertrieder vun deenen zwou Schoulen haten domadder de Freideg den Owend déi grouss Éier, den Golden Gear Award entgéint ze huelen.