Chicken Run am Sainte-Anne

De Freideg virun der Päischtvakanz huet d’Ecole Privée Sainte-Anne di éischt Editioun vun hirem « Chicken Run » gestart : An de Wochen virdrun hunn di kléng « Renn-Hénger » op hiren neien Proprietär gewaart - fir 5 Euro konnt een se adoptéieren an fir 2 Euro méi konnt een sech och seng perséinlech Startnummer eraussichen. Den 21. Mee, pünktlech um 13 Auer war et dann esou wäit : Direkt nieft der Schoul goufen 1500 Hénger an d’Waark gehäit an hunn probéiert – ënnert den Aen vun e puer Klassen, hiren Enseignanten mee och aneren Frënn vum Sainte-Anne – esou séier wéi méiglech un d’Ziel ze kommen, wou si dann erëm rausgefëscht goufen.

Fir jiddereen, deen net konnt dobäi sinn, gouf den Spektakel per Livestream iwwerdroen. Insgesamt waren 80 Präisser ze gewannen an d’Jenny Ascenção Teixeira vun der 7G-3 konnt sech iwwert den 1. Präis freeën: E Weekend am Europapark fir 4 Persounen!

An och den Projet de solidarité vun der Ecole Privée Sainte-Anne hat eppes dovun, well duerch di Aktioun bal 8000,- Euro zesumme komm sinn fir de gudden Zweck.