Amicale Natzweiler op Besuch an der Ecole Privée Sainte-Anne

Eng Klasserees ass meeschtens den Héichpunkt vum Schouljoer. Et léiert een aner Stied kennen an mécht nei Erfarungen. Bei den 3ièmen vun der Ecole Privée Sainte-Anne geet den Ausfluch dëst Joer op Stroossbuerg mat engem Besuch am Europaparlament. Op dem Programm steet awer och eng Visitt vum KZ Natzweiler-Struthof. An dësem KZ am Elsass waren tëschen 1941 an 1944 418 Lëtzebuerger internéiert, de Jéngsten haat nach keng 18 Joer, an 88 vun hinnen hunn de KZ net iwwerlieft. Fir d’Schülerinnen op dësen Deel vun hirer Rees virzebereeden, sinn den Här Pierre Huss an den Här Nico Thill vun der Amicale Natzweiler an d’Schoul komm. Si hunn an enger ganz interessanter Konferenz mat ville Fotoen d’Geschicht vum KZ an och dat alldeeglecht Liewen, dat vill Affer gefuerdert huet, gewisen. Och d’Froen vun de Schülerinnen hunn si ausféierlech beäntwert an dobäi ganz vill Wäert drop geluecht ëmmer erëm ze betounen, wéi wichteg et ass och nach haut iwwer di Zäit ze schwätzen, well Rassismus an Diskriminéierung haut leider nach genausou aktuell sinn wéi deemools.