Vum 25. November bis zum 10. Dezember gëtt zu Lëtzebuerg an der "Orange Week" un d'Affer vu Gewalt géint Fraen geduecht. Ganz vill Aktioune fannen uechtert Land statt an och d'Ecole Privée Sainte-Anne ass all Joers aktiv. Di ganz Schoulgemeinschaft weist sech solidaresch a setzt een Zeeche géint all Form vu Gewalt u Fraen a Meedercher. D'Schoul ass während der Woch orange beliicht an ronderëm d'Schoul hänken 278 orange T-Shirten. Ënnert dem Motto "278 FRÄI GEFLUNN" stinn des T-Shirte fir 278 Fraen, di duerch eng Interventioun vun der Police vun hirem gewalttätege Partner befreit konnte ginn an elo rëm ouni Angscht kënne liewen. No der Aktioun ginn dëst T-Shirten verkaaft an den Erléis gëtt gespent. Op verschiddene Klassen ginn Atelieren zum Thema Gewalt gemaach fir d'Schülerinnen ze sensibiliséieren. Parallel gouf en impressionante Video gedréint, deen een ënnert dem Titel "278 Fräi geflunn" op der Homepage vun der Ecole Privée Sainte-Anne (www.sainte-anne.lu) kucke kann.