Als 2. vun 3 Meedercher ass d‘Fina den 21.Juli 1920 zu Bollendorf-Bréck op d’Welt komm. Hier Eltere waren d’Liz an de Karel Conrad.
Et war kuerz nom Krich an d’Leit um Duerf haten net vill. Hier Elteren haten en klengen Duerf-Café. Wie et op den Dierfer zu der Zéit üblech war, ass eng kleng Landwirtschaft mat bedriwwe ginn. En Päerd, 2 Kéi, en puer Schwäin, Hénger a Kanéngercher, dat war d’Norm.
Sie huet dem Papp vill um Feld gehollef schaffen, esou huet sie ëmmer gesot sie hätt de Bouf am Haus missten ersetzen. Sie war no der Primärschoul ee Joer zu Jambes bei Namur an engem Pensionat.
Sie war 19 wéi den 2. Weltkrich ausgebrach ass. Sie hunn missten hiert Haus an domat hiert Duerf verloossen. Hunn en puer Deeg am Bësch ënnert engem Fiels gelieft a sinn duerno no Berdorf um Hammhaff ënnerkomm. De Papp huet sech dann no Méiglechkeet daagsiwwer zréck an Duerf geschlach fir no den Déieren am Stall ze kucken. Duerno ware sie am Neiduerf evakuéiert. Nom Krich wéi sie heem komm sinn, war villes kabott an huet missten erneiert ginn.
1946 ass sie bestuet gi mam Alfred Steffes, 2 Meedercher sinn op d’Welt komm. An ëmmer nach gouf et de Café an die kleng Landwiertschaft wouvu sie gelieft hunn. De Café, Landaarbecht, en Gaart, Haushalt, Kanner…. sie huet vill geschafft!
1958 dann ass eng Welt zesumme gebrach, wien no engem ganz schlëmmen Onwieder de Bierg vun hannert dem Haus an d’Haus gerutscht ass an dat net méi bewunnbar war. Esou stoung sie mat hirer Famill op der Strooss. Hier Elteren an di 2 Kanner si provisoresch bei hirer Schwëster zu Steën ënnerkomm, a sie mat hirem Mann bei engem Noper zu Bollendorfer-Bréck.
Mat de Leit aus dem Duerf hunn sie de Café, de voller Bulli war bis 1,80 Meter, frei geschëppt fir nees konnten doran ze schaffen. D’Haus war als baufälleg erkläert ginn, a sie huet zesumme mat hirem Mann gekuckt dat neit Heem fir d’Famill opzebauen. Et war keng einfach Saach fir en passenden Terrain ze fannen, wat da mat Solidaritéit vun en puer Duerfleit gelongen ass. Gäert si getosch ginn, Schold huet misste gemaach ginn, an esou ass dann en neit Heem fir hier Kanner an Elteren entstanen. Et war en Café mat Keelebunn wou et landbekannt gutt Hameschmieren ze iesse gouf, wat natierlech och alles mat vill Aarbecht verbonne war.
Eng Landwirtschaft war allerdéngs do net méi dobäi an och net méi méiglech gewiescht.
D’Eltere sinn 1962 an 1966 gestuerwen die och nach eng Hand mat ugepaakt hunn an dem neie Betrib. Hier zwee Meedercher sin bestuet ginn, an sinn net doheem bliwwen. Hiere Mann ass 1976 gestuerwen un Kriibs nodeems sie en iwwert en Joer doheem versuergt hat.
Duerno ass de Café zou bliwwen. En Deel dovun ass verlount gi fir Tankstell, die hiert jéngst Meedchen 1982 iwwerhuel huet. Hiert eelst Meedchen ass zréck an t ‘Heemecht komm an huet en puer Joer de Café bedriwwen. Et war 1998 wéi hier alles ze vill ginn ass, et och finanziell net gepackt hätt, an dat Haus woufir hire Mann séin Häerzblutt ginn hat, ass vun dem jéngste Meedchen iwwerhuel ginn. D ‘Mamm huet bis zum Alter vun 98 Joer an hirer Wunneng gelieft wat die lescht Jore mat Hëllef nach geklappt huet. Sie ass Ufank Oktober 2018 op Jonglënster an t’ Pflegeheem komm wou sie elo gutt versuergt an ugepasst gefleegt gëtt. Et war am Ufank keng einfach Saach hiert Heem ze verloossen an dat Duerf wou sie wärend 98 Joer hiert Liewen verbruecht huet. Sie huet iewer elo hei Rou fonnt an et geet hier gutt.
Ob den Dag selwer vum hirem 100. Gebuertsdag hunn eis Familljeministesch Corinne Cahen, an de Schäfferot vun der Gemeng Bäertref, zesumme mat der Famill an dem Personal vum Pflegeheem dem Fina hir Gléckwënsch iwwerbruecht. Am Numm vun eisem Grand-Duc Henri krut sie de “Ordre de mérite du Grand-Duché de Luxembourg” iwwerreecht.
Text: Milly Steffes