90. Gebuertsdag vum Albertine Wagner-Loutsch vu Bäertref

Den 13. Oktober dëst Joer konnt d'Albertine Wagner-Loutsch vu Berdorf säin 90. Gebuertsdag feieren. Gebierteg vun Holtz an der Gemeng Rammerech ass d’Albertine a jonke Joren an den Parc-Hotel op Bäertref schaffen komm. A wéi et dann esou kennt, huet d’Albertine hei den Häne Fred, e Bäertreffer Jong, kenne geléiert, an sech dunn den 2 Januar 1959 mat him bestuet. Säitdem hunn déi zwéin zu Bäertref an «Al Hänen» gewunnt, direkt niewent der Gemeng. Den Alfred ass 2018 gestuerwen, an d’Albertine ass trotzdem nach e puer Joer alleng am Haus bliwwen, bis dat hat déi lescht Joeren bäi säi Meedchen ob Steenem wunnen gaangen ass. Hei ass d’Albertine all Dag an der Gesellschaft vun senger Famill.

D’Albertine ass Mamm vu 2 Kanner, Groussmamm vun 4 Enkelen an Urgroussmamm vun 4 Urenkelen. De Schäfferot vun der Gemeng Bäertref huet dës Geleeënheet genotzt fir dem Albertine déi beschten Gléckwënsch vun de Bierger vun der Gemeng Bäertref ze iwwerbréngen, an him nach weider eng gutt Gesondheet a vill Courage fir déi nächste Joeren ze wënschen.