Den 11. Januar dëst Joer waren et 50 Joer dat sech den José Abrantes Borges an d’Maria Da Conceiçao Cerveira Borges zu Luso/Mealhada a Portugal d’Jo-Wuert ginn hunn. Zesummen sinn sie Enn den 80 Joeren op Lëtzebuerg komm fir sech hei en neit Liewen opzebauen. Sie hunn an der Strooss “An der Kéier” zu Bäertref en alt Haus opkaaft, renovéiert an ëmgebaut, wou si säitdeem liewen.
Véier Kanner an aacht Enkelkanner sinn aus hirem Bestietnes ervirgaangen. Et ass selbstverständlech dass dëse besonneschen Dag am Krees vun der ganzer Famill gefeiert gouf.
De Schäfferot huet et sech natierlech net huele gelooss, der sympathescher Koppel fir hire 50. Hochzäitsdag am Numm vun alle Bierger vun der Gemeng, déi beschte Gléckwënsch ze iwwerbréngen.