De 14. Dezember 1934 gouf de Camille Meyers vu Bäertref um Biirkelt gebuer. Sou konnt de Stackbäertrëffer viru Kuerzem säin 90. Gebuertsdag am Krees vun der Famill feieren. De 17. Abrëll 1963 huet de Camille d’Lucas Alice vum Kieseker bestuet, a si hunn zesummen do um Haff gelieft a geschafft bis d’Alice 2020 leider vun eis gaangen ass.
Sie waren allen zwéin laangjäreg Sänger vun der Bäertrëffer Chorale Mixte, wou de Camille haut nach als Member un all Aktivitéit deelhëlt.
Sou waren et dann och gläich zwee Gratulanten déi dem Camille fir seng 90 Joer felicitéiert hunn. De Schäfferot vun der Bäertrëffer Gemeng am Numm vun alle Bierger, an d’Vertrieder vun der Chorale Mixte. De Camille ass Papp vun dräi Jongen a Grousspapp vun 2 Bouwen, déi dann och bal all bäi der Feier derbäi waren. Bäi engem gudde Pättchen an engem klenge Maufel, goufen do bis spéit an den Owend eran munch al Geschichten a Spiichten opgefrëscht, dat aus Zäite wou munchereen Jonke vun haut sech net méi virstelle kann, dat d’Léiwen och konnt anescht oflafe wéi haut.