Scheckiwwerreechunge vun der Millermoaler Schull

D’Amicale aus der Millermoaler Schull vun Iechternach huet en Don am Wäert vun 1500 Euro fir d’Associatioun HUK (Hëllef fir ukrainesch Kanner) iwwerreecht.

Stellvertriedend fir d’HUK huet den Här Majerus dese flotte Scheck entgéintgeholl.

D’Kanner, hier Elteren an d’Léierpersonal hunn des Suen mat verschiddenen Verkafsaktiounen am lafende Schouljoer gesammelt, an den 23. Dezember feierlech iwwerreecht.

De selwechten Dag hunn zwou weider Associatiounen e Scheck iwwerreecht kritt.

Konterbont a.s.b.l (750 Euro) an d’Solidaresch Aktioun Iechternach (8200 Euro)

Mat dëser Zomm, déi vun de Schoulkanner an hiren Eltren duerch verschidden Aktiounen zesumme koum, ënnerstëtzt d’Iechternacher Grondschoul e Projet zu Bobo-Dioulasso am Burkina Faso.

Des Schecke goufen vun der Mme. Muller, Mme. Dieschbourg an dem M. Becker entgéint geholl.

Mir soen all deenen, déi gehollef hunn dëst méiglech ze maachen, villmools Merci!

Mir wënschen de Schoulkanner an hire Familljen a jidderengem schéi Feierdeeg an e gudde Start an dat neit Joer!