En Don vun der Millermoaler Schull Eechternoach fir ukrainesch Flüchtlingskanner

Den 12. Juli hat d’Millermoaler Schull vun Eechternoach endlech rëm e Schoulfest, des Kéier um Séi beim Naturhaus.

Hei gouf et eng schéin Iwwerraschung fir d’ukrainesch Flüchtlingskanner, déi zanter kuerzem am Grand Hotel wunnen.

D’Millermoaler Schull huet hinne 54 Akafsbonge vu 50 Euro geschenkt, déi si kënnen a verschiddene Butteker vum Iechternacher Geschäftsverband aléisen.

Stellvertriedend fir d’Croix Rouge a Responsabel fir d’Zesummenaarbecht mat de Flüchtlingen, huet d’Madamm Sylvie Lettal dësen Don entgéint geholl.

Des Sue komme vun enger flotter Aktioun, déi vum Schülerparlament an d’Liewe geruff gouf.

Ënnert dem Motto « A peace of cake » hunn d’Schoulkanner reegelméisseg wärend de Pausen an der Schoul Kuch verkaaft.

Sou koum déi stolz Zomm vu ronn 3200 Euro zesummen!

E ganz grousse Merci un all d’Kanner, d’Léierpersonal a natierlech un all d’Elteren déi fläisseg gebak hunn!