D’Amicale aus der Millermoaler Schull vun Iechternach (AMSE) huet en Don am Wäert vun 1000 Euro fir d’Associatioun „konterbont“ iwwerreecht.
Stellvertriedend fir „konterbont“ huet d’Madame Manon Trombini dëse flotte Scheck entgéintgeholl.
D’Kanner, hier Elteren an d’Léierpersonal hunn des Sue mat verschiddenen Verkafsaktiounen am lafende Schouljoer gesammelt, an den 29. Mäerz iwwerreecht.
D’Madame Trombini huet de Kanner erkläert, datt „konterbont“ op Don’e wéi dësen ugewisen ass, a sou de Kanner an hire Familljen, déi am Centre Héliar op der Weilerbaach wunnen, kënnen hëllefen. D’Kanner kréien et zum Beispill erméiglecht a verschidde Sportsveräiner ze goen.
Mir soen all deenen, déi gehollef hunn dëst méiglech ze maachen, villmools Merci!
Mir wënschen de Schoulkanner, hire Familljen a jidderengem schéin Ouschteren!
(Méi Infos fannt Dir op www.konterbont.lu)