Ofschlossconcert vun der "Singpause"

No enger laanger Coronapaus, stoungen d‘Kanner aus der Iechternacher Millermoaler Schull endlech rëm op der Bün an hunn op eng fantastesch Aart a Weis gewisen, wat si dat ganzt Schouljoer mat der Joffer Micky Zehren geprouft a geschafft hunn.

D’Micky Zehren leet zanter e puer Joer schonn de Projet „Singpause“ an der Grondschoul: d’Joffer kënnt zweemol an der Woch wärend dem Schoulunterrecht an de Sall a séngt mat de Schüler.

SING! war de Numm vum groussen Ofschlossconcert an engem ausverkaaften Trifolion. Hei huet de Publikum bewise kritt, wéi wichteg d’Sangen ass a wéi vill Freed et mécht.

Begleet gouf de grousse Chouer vu véier Museker aus der Iechternacher Museksschoul.

Den Erléis vun der Entrée gëtt opgedeelt an un dräi verschidden Associatioune gespent. (Projet am Burkina Faso, Konterbont , Ukrain)