Den 23. Dezember 2016 huet d’A.E.P.P.S (Amicale de l’Enseignement Préscolaire, Primaire et Spéciale) e Scheck fir d’ „Solidaresch Aktioun Iechternach“ am Wäert vun 6100 Euro iwwerreecht.
Stellvertriedent fir des ONG huet de M. Raymond Becker de Scheck entgéintgeholl.
Mat dëser Zomm, déi vun de Schoulkanner an hiren Eltren duerch verschidden Aktiounen (Sponsored Run, Chrëschtbasar, Niklosmaart, Ouschtermaart) zesumme koum, ënnerstëtzt d’Iechternacher Grondschoul e Projet zu Bobo-Dioulasso am Burkina Faso.
Mir soën all de Schoulkanner e grousse Merci fir hiert Engagement.