De 26. Dezember 2021 huet d’A.M.S.E (Amicale Millermoaler Schull Eechternoach) e Scheck fir d’„Solidaresch Aktioun Iechternach“ am Wäert vun 7500 Euro iwwerreecht.
Stellvertriedent fir des ONG huet de M. Raymond Becker de Scheck entgéintgeholl.
Mat dëser Zomm, déi vun de Schoulkanner an hiren Eltren duerch verschidden Aktiounen (Sponsored Run, Chrëschtbasar, Niklosmaart, Ouschtermaart) zesumme koum, ënnerstëtzt d’Iechternacher Grondschoul e Projet zu Bobo-Dioulasso am Burkina Faso.
Leider se vill Veranstaltungen lescht Joër winst Corona ausgefall, trotzdem konnt dese flotten Don gemaach ginn!
Mir soën all de Schoulkanner e grousse Merci fir hiert Engagement a mir wënschen alleguer e gudde Start fir 2022, bleift all gesond!