1monthfree

Generalversammlung iwwert Joer 2015

Haut hat di Lokalsektioun vum Roude Kräiz hir Generalversammlung
Si ass ofgehale ginn an der "porte ouverte " vun der AMIPERAS.
Eise President de Jos Rausch huet Éiregëscht begréisst an huet e grousse Merci un d'Gemeng, Leit di am Vestiär schaffen, Dammen an Hären di Quete ophiewe ginn an och dem Komite, gemaach. Duerno war et um Sekretär de Guill Krecké fir säin Bericht ze maachen. Als nächst war et un der Keessiere Nicole Reff fir ze soën dass Keess an der Rei wär. Keesserevisoren Cox Louis an Georges Riewer hu bestätegt dass d'Nicole bis op de lëschten Cents alles richteg gemaach huet.De President huet di Zwee gefrot op si déi Charge nach e Joer iwwerhuele giffen. Kee Problem. Well den Direkter vum Roude Kräiz, den Här Michel Simonis, nach eng Generalversammlung hat, hu mer den "Orde du jour" geännert, an do huet den Direkter e puer Wuerd un Generalversammlung geriicht. Mär hunn duerno en Don vun 5000€ un de Groupe Zoé gemaach. De Fons Schmit an Joelle Reeff ware vun der Gemeng vertrueden. Den Här Schmit huet vun der Gemeng e häerzleche Merci un di lokal Sektioun vum Roude Kräiz gesot fir hiren Engagement fir di mannerbemëtelt Leit an Asylanten aus der Gemeng.Um Divers huet de President d' Statuten, di vun der Direktioun iwwerschafft gi sinn, ze kommentéieren. De lëschte Punkt war d'Agape.