Déi Ettelbrécker Lokalsektioun vum Roude Kräiz huet hir Generalversammlung iwwert Joer 2017 am Sall Porte Ouverte vun der AMIPERAS e Freideg de 16. März ofgehalen. De Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter war vun der Gemeng op eiser Versammlung an huet iwwert de sozialen Aspekt vum Roude Kräiz geschwat. De Gilles Dhamen huet Direktioun vum Roude Kräiz vertrueden an huet iwwert Quete, Vestiaire an Kannerhaus Jean geschwat. Memberen sinn fir 5, 10, 20 an 30 Joer Quete respektiv Vestiaire geeiert ginn. D´Sektioun huet en Don vu 4.000 € un Kannerhaus Jean gemaach.Duerno ass den Owend mat enger Agape an engem Patt gemittlech ofgeschloss ginn