Generalversammlung vun der lokaler Sektioun vum Roude Kräiz
Den 30. September 2022 war et nees esou wäit. No 2 Joer huet di lokal Sektioun vum Roude Kräiz hir Generalversammlung an der “Porte Ouverte“ vun der AMIPERAS ofgehalen. De President Jos Rausch huet d’Mme Nadine Conrardy an den Här Yves Collet vum Roude Kräiz, de Pascal Nicolay vun der Gemeng Ettelbréck an d’Frënn vun der Sektioun Wëllkomm geheescht an och e Koup Mercien ausgedeelt. Fir di Verstuerwen Lilo Brücher an Henri Lutgen hu mer eng Gedenkminutt ageluecht. De Sekretär Guill Krecké huet d’Aktivitéiten opgezielt. Et waren der etlech trotz Pandemie a Corona. Eis Haaptaktivitéit ass de Vestiär, deen 2020 wéinst Corona nëmmen 8 mol op war an 2021 12 mol. Am Vestiär hunn 3 Dammen opgehal , mä et sinn 3 Neier derbäi komm. Eis 2. gréisst Aktivitéit ass d’Quête vun Haus zu Haus. Déi ass 2020 Corona bedéngt ganz ausgefall. 2021 hu mer 3.500 Deplianten zu Ettelbréck a Waarken fir Quête un Leit verdeelt. Déi ass iwwert Virementen an Digicash gelaf. Eng weider Aktivitéit ass de Chrëschtmaart, deen 2020 leider och ofgesot gi war. Den 10., 11. an 12. Dezember 2021 war awer nees Chrëschtmaart.
Eis Tresorière Nicole Reff-Willmes huet eis de Finanz-Rapport presentéiert, deen vun den zwee Keesereviseuren Georges Riewers a Louis Cox gutt geheescht gouf.
D’ Mme Nadine Conrardy huet een Iwwerbléck iwwert d’Situatioun vun den Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg gemaach.
Den Här Pascal Nicolay, als neie Schäffen, huet d’Wuert un eis geriicht an e grousse Merci un eis Sektioun fir di geleeschten Aarbecht ausgedréckt an huet eis vill Gléck gewënscht fir nei Benevollen ze fannen.
Duerno hu mer een Don vu 5000€ fir den “ Centre d’accueil Norbert Ensch Grupp Zoé “ gemaach. Des Weideren sinn 2 Dammen fir 5 Joer Benevolat an 2 Hären fir 10 Joer Benevolat geéiert ginn.
No der Generalversammlung ware mer nach bei engem gemittlechen Owend mat enger Agape zesummen.